WORKSHOPS

kannercampus

park um belval

9 mai

kannercampus — park um belval — 9 mai —

ENTDECK
D’WORKSHOPS.

9. MEE 2026 | 10h00–18H00
Kannercampus
Park um Belval

GRATIS AKTIVITéITE fir déi ganz famill

  • Beim Atelier vum Centre pour le développement intellectuel (CDI) steet kooperatiivt Léieren am Vierdergrond. Mat Hëllef vu Schier gëtt ären Teamgeescht op d’Prouf gestallt a wéi gutt dir mat ärem Géigeniwwer kommunizéiert. Eng gutt Portioun Koordinatioun dierf also och net feelen. Op dësem Wee soll déi sozial Kompetenz gefërdert ginn, ma virun allem geet et drëm, Spaass ze hunn.

    ALL ALTER | 10H00–13H00

  • D'Lach an der Box flécken oder dem Liblingspetzi d'Ouer erëm ubitzen, an dat och nach selwer maachen? D'Daniela Atzei weist de Kanner, wéi flott a kreativ et ka sinn, mat der Bitzmaschinn ze schaffen. Säin Atelier fënnt am Agang vun der Schoul statt. Schreift iech op der Plaz an, d'Plaze si limitéiert. 

    AB 6 JOER | 10H30 / 11H45 / 14H00 / 15H15 / 16H30

  • Spiert de Rhythmus, d’Kraaft an d’Freed vum Capoeira. Sprangen, beweegen, ma virun allem d’Motivatioun an de Spaass, sech an eppes Neiem ze probéieren, stinn hei am Vierdergrond. Eng Mëschung aus Danz, Kampf an Ekippegeescht kléngt fir iech no deene richtegen Ingrediente fir ee perfekte Feierdag? Dann ass deen hei Atelier vum Capoeira Team Luxembourg dat Richtegt.

    ALL ALTER | 10H00–14H00

  • „Fir Golf ze spillen, brauch een extra Terrainen!", net fir de Club Urban Golf Esch Luxembourg. Si bréngen de Golf-Sport op de Belval. Fir de San'Up tausche si d'Héichiewen an d'Mëllerei mam Park um Belval, wou dir dës flott Versioun vum Golf teste kënnt.

    ALL ALTER | 10H00–18H00

  • Technik, Strategie an Ausdauer an déi néideg Motivatioun dierf natierlech och net feelen: Genee dat weisen de Boris Molitor an de Julian Siegers vum Boxclub Esch. Déi zwee Sportler leeden de ganzen Dag iwwer duerch de Workshop.

    AB 5 JOER | 10H00–18H00

  • Schonn ëmmer Loscht gehat, sech am koreanesche Kampfsport ze probéieren? Um San’Up ass dat méiglech. Moies an nomëttes kënne sech Kanner an Erwuessener auspoweren. Freet iech, ënnert der Leedung vum Hodzic Sukrija a Kim Seungyong vum Taekwondo Club Esch/Alzette d’Grondlage vum Taekwondo kennenzeléieren.

    AB 4 JOER | 11H00–12H00 / 13H00 (DEMO) / 14H00–16H00

  • CrossFit ass net nëmmen eppes fir duerchtrainéiert Athlet·innen – um San’Up kënnen sech och déi Kleng auspoweren. Ënnert der Leedung vum Jérémy a Stephane vum CrossFit Roude Léiw kënne Kanner an Erwuessener testen, zu wat hire Kierper alles fäeg ass.

    ALL ALTER | 10H00–18H00

  • Eng explosiv Fusion vu Yoga a Danz, wou äre Kierper duerch d'Musek geleet gëtt – vun Hip-Hop bis Pop, vu luese Rhythme bis séiere Beats. Eng kreativ Evolutioun vum Vinyasa, mat Sequenzen, déi op all Tempo ugepasst sinn, fir een 100%-personaliséierte Flow.

    ALL ALTER | 11H00 / 14H00

  • D'American Football Federation Luxembourg brénge Flag Football op de San’Up. Bei dësem dynamische Workshop kanns du dës spannend, kontaktlos Variant vum American Football kenneléieren. Perfekt fir all Sportbegeeschterter – séier, taktesch a den Teamgeescht am Fokus.

    AB 6 JOER | 10H00–18H00

  • Schéin Erënnerunge mat der Famill festhalen? Dat kann de Photoclub Gemeng Suessem. Donieft gi si een Abléck an d’Konscht vun der Fotografie a weist, wéi s du dech am beschten an Zeen setz.

    ALL ALTER | 10H00–18H00

  • Graffitiatelier geleet vum Sascha Di Giambattista. Egal wéi eng Faarwen, egal wéi eng Formen: Op eiser Mauer kann s du denger Fantasie fräie Laf loossen.

    AB 8 JOER | 10H00–12H00 / 13H00–17H00

  • Entdeckt een vun eisen neie Workshops vun dëser Editioun, de K-Pop-Dance-Atelier, geleet vun HopSpot Tanzstudio. De K-Pop-Danz kënnt aus Korea an ass eng dynamesch, synchroniséiert Choreografie, déi präzis Beweegungen an onbegrenzten Energie mat sech bréngt – an dësem Atelier wäert kee sech langweilen.

    K-Pop Workshop Kids (8–12 JOER) | 13H00–13H50
    K-Pop Infopoint | 14H00–14H50
    K-Pop Workshop Teens (VUN 12 JOER UN) | 15H00–15H50
    K-Pop Dance Show | 16H00–16H30
    K-Pop Dance Play | 16H45–17H45

  • Kraaft, Stabilitéit a Fluiditéit an de Beweegungen, dat ass dynamesche Pilates. Nach ni probéiert? Kee Probleem! De Workshop ass fir all Alter an all Niveau. Dat eenzegt, wat dir sollt matbréngen, ass d’Loscht, iech op eppes Neies anzeloossen. Mir versécheren iech: Dir wäert et net bereien.

    ALL ALTER | 13H00–16H00

  • Ludoland weisen iech, wéi vill Freed Gesellschaftsspiller maachen. Egal ob Klassiker wéi Backgammon, Mensch ärgere dich nicht an Dixit oder Holzspiller am Groussformat, an dësem Atelier gëtt kengem langweileg.

    ALL ALTER | 10H00–18H00

  • Eng Geleeënheet fir sech ze beweegen, sech ze verbannen an zesumme Spaass ze hunn. Dir entdeckt AcroYoga zu zwee – entweder als Elteren a Kanner, an der Koppel, oder ënnert Kolleeg∙innen – mat einfache Posen, Spiller fir är Balance ze halen an Akrobatik. D'Zil? Vertrauen, Zesummenaarbecht a ganz vill zesumme Laachen, d’Leeschtung steet hei op leschter Plaz. Keng Erfarung néideg, just d’Loscht, eppes Neies auszetesten.

    ALL ALTER | 12H00 / 15H00

  • De Brave vun der BAMSS Music School animéiert e Museksworkshop ënnert dem Motto „Maach mat“. Et geet ëm d’Vermëttlung vun an d’Schaffe mat Musek iwwer pädagogesch Animatioun an Entertainment. Wie motivéiert ass matzemaachen, ka sech freeën, verschidden Instrumenter ze testen an op eng méi aussergewéinlech Manéier Musek ze maachen. Powered by Rocklab.

    AB 8 JOER | 11H00 / 13H30 / 15H00

  • Wann de Skateboard Club Hollerech eppes kann, dass ass et iech déi coolsten Tricks bäizebréngen. A wann et déi éischte Kéier um Briet ass, och kee Probleem: Si weisen, wéi déi éischt Meeter higeluecht kënne ginn, ouni sech selwer hinzeleeën. Helmer a soss Protektioun ginn et op der Plaz.

    AB 6 JOER | 10H00–13H00 / 14H00–17H00

  • Wann iech Disc Golf näischt seet, da kënnt der bestëmmt eppes mat Frisbee ufänken. De Steffen Köhler vun Disc Golf Club Luxembourg leet den Atelier, an deem hien op zougänglech Aart a Weis Techniken a Strategië vum Disc Golf weist, fir de Frisbee an de Kuerf ze kréien.

    ALL ALTER | 13H30 - 18H00

  • Mam Lynn Kunnert, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm KunnArt, hëlt iech mat an eng Welt ouni Grenzen. Kreativitéit gëtt a senge Workshops grouss geschriwwen. Um San’Up bitt hatt de ganzen Dag iwwer Atelieren un: Dir kënnt mat ënnerschiddlechen Techniken a Materialien är eegen Toile kreéieren oder äert Talent an engem 3D-Molworkshop entdecken. Umeldung op der Plaz.

    VUN 3 JOER UN | 10H00–18H00

  • Wousst du, datt du mat allgemengen Ingredienten aus der Kiche Faarf maache kanns? Komm a entdeckt se (a probéier se!) an dësem Workshop iwwer natierlech Faarwen. Bass du prett, an eng Welt vu Faarwen anzedauchen, déi net just schéin unzekucke sinn, mee och nach gutt schmaachen? Lass geet et mat der faarweger Kichen!

    AB 8 JOER | 14H00–17H00

  • Loscht op Beweegung a gutt Stëmmung? D’Susana Da Costa ass fir d’Zumba-Party responsabel an demonstréiert, wéi gutt et deet, lasszeloossen a sech ze beweegen. Bonus: Du danz net just, mee verbessers deng Ausdauer, Koordinatioun an däi Kierpergefill.

    AB 4 JOER | 10H00–16H45 / 17H00 (DEMO)